800.000 Autoen betraff: Mercedes rifft Autoen wéinst Brandrisiko zréck

Besëtzer vun de betraffene Modeller sollten Notzung bis zur Reparatur op e Minimum reduzéieren.

© Mercedes

Den Autoskonzern Daimler muss weltwäit méi wéi 800.000 Autoe vu senger Duechtergesellschaft Mercedes zréckruffen. De Grond fir de Réckruff sinn technesch Problemer.

Mercedes warnt viru ondichten Killmëttelpompel an Autoen mat véier- a sechs Zylinder ab engem Dieselmotor. Dëst kann zu erhéichten Temperaturen a schlussendlech zu enger Brandgefor féieren. Ënner bestëmmten Ëmstänn kann d’Killflëssegkeet an d’Ofgasrezirkulatioun kommen. Deementspriechend ass eng Reparatur an den Atelieren vum Grupp néideg.

© Mercedes


En Austausch vum Ëmschaltventil an der Géigend vun der Killmëttelpompel sou wei een Softwareupdate mussen duerchgefouert ginn. Am Moment ginn et awer net genuch Ersatzdeeler. D’Reparatur kann dowéinst fréistens an der Mëtt vum Mount duerchgefouert ginn. Dofir fuerdert de Grupp d’Besëtzer op, de Gebrauch vun hire Gefierer op „den néidegsten Minimum“ ze reduzéieren.

Déi betraff Modeller enthalen d’SUVen GLE, GLS, GLC an d’G-Klass souwéi Autosmodeller an der C, E an S-Klass. Mercedes huet schonn e Bréif un déi betraffe Clientë geschéckt. En Daimler Spriecher huet d’Zuel vun de betraffene Gefierer net bestätegt, awer hien huet d’Modeller opgelëscht, déi den technesche Problem haten.