„The Northman“: Den éischten Trailer fir de Wikinger-Film suerg fir Begeeschterung

De Film soll vill méi brutal a bluddeg sinn wéi d’Serie „Vikings“.

Virun enger Zäit waren et éischt Unzeeche datt de Genie hannert „The Witch“ an „The Lighthouse“ un engem neie Projet geschafft huet. Deemools gouf et keng richteg Informatioun an et war sech schwéier virzestellen, wéi ee Film dat nächst Meeschterstéck vum Robert Eggers wier. Elo ginn et éischt Fotoen aus dem Set an esouguer en offiziellen Trailer op Englesch, dee weist, wat de Robert Eggers am Wikinger-Film „The Northman“ weist.

Am Mëttelpunkt vun dësem neie Wikinger-Film steet e Prënz, deen am Erwuessenen a seng Heemecht zréckkënnt a säi ermuerte Papp wëll rächen. D’Geschicht spillt an Island am 10. Joerhonnert an den Haaptpersonnage am Film ass de Winkinger-Prënz Amleth. Et gëtt wierklech spannend ze gesinn, wéi den Amleth de kalbliddege Mord vu sengem Papp rächt a seng Mamm vum Mäerder befreit.

De Robert Eggers huet mam Alexander Skarsgård (Disconnect), Anya Taylor-Joy (The Witch), Claes Bang (Dracula), Willem Dafoe (Spider-Man), Nicole Kidman (Stoker) an Ethan Hawke (Great Expectations) bekannten Leit an Serie geholl. Am Trailer gesiit dir och d’Annya Taylor-Joy, d’Nicole Kidman als Viking-Queen an d’Sängerin Björk.

Dir kënnt den Trailer op YouTube hei kucken:

Jiddereen deen Wikinger-Serie „Vikings“ gesinn huet a se gär hat oder fir deen et vläicht souguer e bëssen ze zam war, kann sech wierklech op „The Northman“ freeën. Den drëtte Film vum Robert Eggers soll am Abrëll 2022 an den Kino kommen.