„The Batman“: Millioune Klicks fir den neien Trailer iwwer Batman a Catwoman

De Robert Pattinson erschéngt als Batman ab dem 4. Mäerz.

Ⓒ Moviepilot

De 4. Mäerz 2022 ass d’Zäit endlech komm; den neie Film „The Batman“ kënnt an de Kino. Den Hollywoodstar Robert Pattinson ass an der Haaptroll ze gesinn. Op senger Säit verzaubert d’Zoe Kravitz d’Fans als Catwoman. E fuschneien Trailer gouf vum d’Abenteuer verëffentlecht, op déi ganz d’Welt gewaart huet .

Am Regisseursstull souz den US-Filmemaacher Matt Reeves. A weideren Rollen sinn den Colin Farrell, Paul Dano, Amber Sienna a Peter Sarsgaard ze gesinn. Dee leschten Trailer gouf schonn iwwer zéng Millioune mol gekuckt. Ënner dem Titel „The Bat and The Cat“ sinn Catwoman a Batman als Team ze ginn.

Ⓒ Warner Bros. / DC

„Dëse Film ass en absolut Meeschterstéck“, schreift e Benotzer iwwer de Video op YouTube. En aneren huet kommentéiert: „All Kéier wann ech en neien Trailer gesinn, gesäit dëse Film besser aus.“ D’Inzenéierung  vum Film ass ganz däischter. Brutal Kampfzeenen a geféierlech Manöver sinn schonn an den éischte Clips ze gesinn.

Dir kënnt den Trailer op YouTube hei kucken: