Bitcoin Erfinder: Elon Musk verréit wien hannert der Krypto Wärung kéint stoen


Wien Bitcoin erfonnt huet ass säit 13 Joer e grousst Geheimnis.

Bitcoin ass mëttlerweil déi weltgréisste Krypto Wärung. D’Konzept gouf 2008 vum Satoshi Nakamoto erfonnt. Awer wien ass den Nakamoto iwwerhaapt? Bis haut ass et net kloer ob et eng richteg Persoun, e Pseudonym oder souguer e kollektive Pseudonym ass, déi fir eng Grupp steet.

D’Fro, wien hannert dem Bitcoin Erfolleg steet, stellen sech och prominent Entrepreneuren wéi zum Beispill den Tesla-Chef Elon Musk. An engem Interview mam Podcaster Lex Fridman gouf hien souguer gefrot ob hien sech hannert Satoshi Nakamoto verstoppt. „Wann et sou wier, géift dir eis et verroden?“, huet den Fridman,den 50 Joer ale gefrot. Hien huet dat direkt bestätegt, huet de Publikum awer missen enttäuschen. Well den Musk ass net den Erfinder vun der berüümter cryptocurrency.

© Lex Fridman/YouTube

Trotzdeem huet hien probéiert d’Rätsel ze léisen. No enger Paus vu 15 Sekonnen huet de Musk endlech seng Gedanken iwwer dëst komplext Thema opgedeckt: „Dir kënnt d’Entwécklung vun Iddien virun der Aféierung vu Bitcoin kucken a kucken wien iwwer dës Iddien geschriwwen huet.“ Dofir nennt den Musk, den Nick Szabo als potenziellen Bitcoin- Erfinder.

De Szabo ass e Computer- a Rechtswëssenschaftler. Hie gouf scho méi wéi eemol als méiglechen Erfinder vun der Krypto-Wärung ernimmt. A Krypto-Kreesser gëllt hien als Genie. Wann jo, wier de Szabo e räiche Mann. Well den Satoshi Nakamoto soll am Ganzen 980.000 Bitcoin hunn. Dat entsprécht e Verméigen vun iwwer 40 Milliarden Euro.