Geheimen Alexa Sproochbefeel: Sou gëtt den verstoppten Modus fräigeschalt

Den „Alex- Super-Modus“ ass bis elo kaum bekannt.

E geheime Sprochbefeel mécht et méiglech Amazon’s Alexa ze hacken. Dëse „Super-Modus-Code“ brengt den Sprochassistent dozou,r e ganz spezielle Saz zu senge Besëtzer ze soen.

Den Amazon Echo koum fir d’éischt 2016 an Europa op den Maart. D’Auswiel vu méigleche Sproochbefeeler huet sech zënterhier wesentlech verbessert. Dofir ass et elo souguer méiglech e sougenannte „Cheat“ ze benotzen. Esou Coden si besonnesch fir Spiller bekannt. „Cheats“ sinn net nei. Viru ville Joeren, zum Beispill, konnten Insider hire virtuelle Kont bei „The Sims“ opfëllen ouni d’Personnagen op d’Aarbecht ze schécken.

Déi verstoppte Virdeeler vereinfachen a manipuléieren d’Spill. Et ass ähnlech mam Alexa-Super-Modus. Hei gëtt de Code awer duerch den Sproochebefeel aginn. Fir Alexa ze manipuléieren, muss den folgenden Befeel gesot ginn:

Alexa, hoch, hoch, runter, runter, links, rechts, links, rechts, B, A, Start


Och wann d’Alexa keng Superkräfte duerch de Cheat kritt, kritt den Besëtzer awer eng leschteg Äntwert: „Super-Alexa-Modus wird aktiviert! Hihi! Zehn Extra-Leben addiert. Speed Level 3 freigeschaltet. Alle Power-Ups-verfügbar. Fehlfunktion. Power-Ups haben keine Power. Abbruch…“