iPhone 14: Apple schafft un der SIM Revolutioun


Analysten hunn déi neisten Prognosen fir den iPhone 14 opgedeckt.

© MacRumors

Am nächste Joer wäert den iPhone 14 de Maart eroberen. Experten an Analysten spekuléiere scho, iwwer nei Features an technesch Verbesserunge vum populäre Smartphone. En adaptéierten Design ass och geplangt. Déi lescht Rumeuren dréinen awer ëm eppes ganz anescht.

Konkret geet et ëm d’SIM Kaart déi an den Smartphone gehéiert. Déi physesch Versioun vun der SIM Kaart kéint also geschwënn eng Saach vun der Vergaangenheet sinn. Den Noriichteportal „Macrumors“ huet gemellt datt Apple schonn US Provider instruéiert huet den aktuellen iPhone 13 net mat enger SIM Kaart ze verkafen. D’Clienten sollen direkt mat enger eSIM ekipéiert ginn.

© connect

Analysten gleewen datt den iPhone 14 komplett ouni SIM Kaart Slot kéint maachen. Mam eSIM gëtt all néideg Informatioun op engem Chip gespäichert. Den iPhone 11, den iPhone 12 an den iPhone 13 bidden schonn d’Optioun fir Daten elektronesch ze späicheren. E komplett Verzicht vun der physescher SIM Kaart wier allerdéngs nei.

Ob d’Innovatioun tatsächlech ëmgesat gëtt, wäerten Apple Fans am September 2022 erausfannen .