Wéinst Becherhalter: Milliounen Dollar Prozess géint BMW


Wéinst engem defekte Becherhalter am X7 steet BMW elo an den USA virun Gericht

© Bild

Eng Sammelklo, déi am US Bezierksgeriicht an Orange County, Kalifornien agereecht gouf, huet festgestallt datt Becherhalter um BMW X7 en Konstruktonsfeeler opweist. Dem Kläger no dierfen se net naass ginn an et kéint och sinn, datt och aner Modeller vum selwechte Problem betraff sinn.

Dem „krone.at“ no geet et an der Plainte dorëms, datt Becherhalter feelerhaft solle sinn. Laut dem Kläger si se net dorop ausgeluecht, Flëssegkeet am Becher ze halen. Och wann Becherhalter dofir entworf goufen, fir Flëssegkeet am Becher ze halen, sinn se net dofir ausgeluecht an dëst géif d’Sécherheet an d’Zouverlässegkeet vun de Gefierer beaflossen.

© Motor 1

Soubal d’Flëssegkeet an de Becherhalter kënnt, sollen Dréit fir den SRS Kontrollmodul, wat extrem wichteg ass, naass ginn. De SRS Kontrollmodul ass verantwortlech fir d’Airbag a läit direkt ënner dem Becherhalter. Wann sech Flëssegkeet am Becherhalter befennt, erschéngt an e puer Fäll eng Feelermeldung an et kann net ausgeschloss ginn datt d’Airbags beschiedegt sinn oder souguer onbewosst agesat ginn.

Den Affekot vum Kläger, Hovanes Margarian, mengt datt „et Dausende vu Gefierer sinn, déi deselwechten Design hunn, deen feelerhaft ass“.
D’Art a Weis wéi d’Technologie arrangéiert ass, kann net Schued vu verschotten Flëssegkeet oder Kondensflessegekeet verhënneren. Dat géing heeschen, datt Dir emol näischt verschëdden musst, fir datt et e seriéise Problem mam Airbags gëtt.