iPhone 14: Mega Upgrade fir d’Kamera

Fotografen an Apple Fans kënnen laut Analysten, sech op eng aussergewéinlechen Kamera-Upgrade freeën.

© IDG

Am nächste Joer wäert Apple erëm en Ass aus dem Aarm zéien. Laut Analysten kritt den iPhone 14 e mega Upgrade fir d’Kamera. Gutt Noriicht fir Apple Fans a Fotografen.

Den Haitong International Securities Analyst Jeff Pu huet e puer Detailer iwwer déi méiglech Pläng vum Grupp verroden. D’Pro Modeller sollen dofir weider dräi Kameraen um Réck hunn. Wéi scho bekannt, kënnt d’Telefoto- an Ultrawäitwénkelkamera mat 12 Megapixel. Spannend gëtt den Upgrade vun der Wäitwénkelkamera. E 48-Megapixel Sensor soll hei benotzt ginn.

© Apple

Prognosen vum bekannten Analyst Ming-Chi Kuo ënnerstëtzen dës Spekulatiounen. Hien huet bäigefüügt datt d’Kamera och 8K Qualitéit Videoopnam zouléisst. D’Biller, déi mam 48 Megapixel Sensor erfaasst ginn, ginn nach ëmmer an 12 Megapixel erausginn. De sougenannte „Pixel Binning“ kompriméiert e puer eenzel Pixel zu engem „Super Pixel“. Dëst erméiglecht eng besser Opnamqualitéit, besonnesch an däischter Konditiounen.

Ob d’Analysten wierklech richteg mat hire Prognosen sinn, bleift am nächste Joer ofzewaarden.