Naturkosmetik DIY

Wéi dacks kaaft Dir Deodorant an Hoerprodukter nei? Wësst Dir wat do alles dran ass an ob dës Zutaten och „gesond“ sinn?

Hautdesdaags stellen ëmmer méi Leit sech dës Fro a maache sech Suergen driwwer, wat an hire Fleegeprodukter alles dran ass. 

Zumols an Coronazäiten ass et dacks schwéier Versuergung ze fannen, well vill Produkter ausverkaaft sinn. Zur selwechter Zäit kënnt Dir elo vlait méi Zäit doheem verbréngen, an hutt Zäit fir e puer vun Äre Fleegeprodukter selwer ze maachen!

Well hausgemaacht ass net nëmme besser fir Äre Portemonnaie, mee och fir d’Ëmwelt, well keng onnéideg Plastiksverpackungen am Dreck landen.

Mat de Rezepter aus dem Buch „Naturkosmetik selber machen“ kënnt Dir elo einfach Ären Deodorant, Shampoing, Seefen, Make-up Produiten, Gesiichtsmasken a villes méi doheem maachen. 

Dir hutt wahrscheinlech scho vill vun den néidegen Ingredienten doheem an Dir wësst och mat 100% Sécherheet, wat an de Produkter ass, déi Dir all Dag op Är Haut applizéiert!

Vill natierlech Ingredienten hunn och positiv Auswierkungen op d’Haut an ofhängeg vun Äre Bedierfnesser kënnt Dir déi ätheresch Ueleger oder aaner Ingredienten variéieren, wéi et Ärer Haut am Beschten deet!

Wéi ëmmer ass d’Buch an 3 Sproochen op Amazon disponible an ass och ideal als Chrëschtkaddo!

PS. Déi hausgemaachte Seefen asw. sinn natierlech och gutt Chrëschtkado-Iddien, well wien huet net léiwer eppes selwergemaachtes ze verschenken 😉

Fabienne Rausch 

Naturkosmetik DIY
https://amzn.to/3qpDEKq *

Produits cosmétiques fait maison
https://amzn.to/3z3EMHO *

Natural cosmetics DIY
https://amzn.to/33KtbBE *

Hei kennt Dir ierch déi aner Bicher vum Fabienne Rausch ukucken: 
https://amzn.to/3FG8yoB *