RDV fir Sex mat 15-Joer Alen: Seriö Uklo géint Sony Mataarbechter

No Uklo vu Pedophilie gouf de Sony-Mataarbechter entlooss.

Een Vizepresident vu Sony PlayStation gouf no eeschte Virwërf entlooss. Den Amerikaner soll een Sextreffen mat engem angeblechen 15 Joer Alen ausgemaach hunn. D’Police vu San Diego huet elo bestätegt, datt géint de Mann ermëttelt gëtt.

Den George Cacioppo war als Sony Senior Vice President of Engineering fir déi lescht aacht Joer täteg. No de rezenten Evenementer gouf de Mann vu sengem Patron entlooss. „Mir sinn eis der Situatioun bewosst an den betraffenden Employé gouf entlooss“, schreift Sony an enger E-Mail laut dem Newsportal „cnet“. Een Treffen mam Teenager ass ni zustane komm, well dem Cacioppo seng Intentiounen fréi genuch opgedeckt goufen.

Well en YouTuber, dee sech selwer d’Aufgab gesat huet, Pedophilie op ze decken an blouss ze stellen, publizéiert hien e Video iwwer den Cacioppo op sengem Kanal „People vs Preds“. D’Grupp,déi hannert dem Kanal steet, gëtt sech als Mannerjäreg aus, fir Pedophillen an d’Fal ze lackelen. Den YouTuber huet sech als 15-Joer Alen een Profil op Grindr, eng App fir Homosexuellen, Bisexuellen an Transsexuellen erstallt an huet mam Mann ugefaange ze kommunizéieren.

De Cacioppo soll hien dunn op een Sextreffen bei him doheem invitéiert hunn. Den vermeintlech 15-Joer Alen stëmmt zou an de Sony-Mataarbechter erwaart eng Iwwerraschung, wéi den YouTuber endlech mat senger Kamera virun der Dier stoung.