„Cheers!“: Dëst ass d’Land wou am meeschten Alkohol gedronk gëtt

Eng Ëmfro weist, wou am meeschten gedronk gëtt.

E Béier virum Fernsee, e Glas Wäin beim Iessen an eng Drëpp fir an d’Stëmmung ze kommen. Alkohol gehéiert bal iwwerall op der Welt zum Liewensstil dozou. Mee wéi eng Nationalitéit ass eigentlech Drénkweltmeeschter? Dëst ass de Sujet vun der internationaler „Global Drug Survey 2021“.

Et ass déi weltgréissten Ëmfro zum Thema Drogekonsum , duerchgefouert vun onofhängege Fuerscher aus London. Am Ganzen goufen 32.022 Leit aus insgesamt 22 Länner interviewt. Déi meescht vun hinne koumen aus Däitschland. Laut de Fuerscher kann d’Online-Ëmfro awer net als representativ Etude ugesi ginn. All Leit hu fräiwëlleg matgemaach.

62 Prozent vun de Participanten ware männlech an 34 Prozent weiblech. 3,5 Prozent goufen als Intersex, Net-binär an Trans-Leit ugesinn. Haaptsächlech Leit ënner 34 Joer hunn deelgeholl. Am Duerchschnëtt bedrénken sech déi Befroten 14,5 Mol am Joer. Dës hunn d’Australier iwwertraff, mat 27 Mol am Joer. Domat gi se als Drénkweltmeeschter ugesinn. Als bedronk gëllt een, wann een „kierperlech oder mental Fäegkeeten esou staark beanträchtegt sinn, dass een den Gläichgewiichts- oder den Sproochsënn verännert ass“ an dat „Verhalen op Mënschen, déi dech kënnen, däitlech anescht wierkt.“.

Direkt hannert den Australier stinn d’Dänen an d’Finnen, déi 23,8 Mol d’Joer richteg voll sinn. Vill méi virsiichteg sinn déi Däitsch mat 10,6 Mol. Op der leschter Plaz sinn d’Mexikaner mat nëmmen 8,9 Mol am Joer.