Apple: Neien Design geplangt fir AirPods Pro 2

En Apple Insider huet déi lescht Pläng fir déi populär Kopfhörer opgedeckt.

© Apple

Déi zweet Generatioun vun AirPods Pro soll e ganz neien Design kréien. Wéi den Apple Analyst Ming Chi-Kuo viru kuerzem erkläert huet, kënnen d’Kopfhörer net vill Gemeinsamkeet mat hirem Virgängermodell hunn. Laut Rumeuren soll de Look souguer op de Samsung Galaxy Buds baséieren, déi vum Konkurrent entwéckelt goufen.

D’Virbild vun den neien AirPods Pro 2 sinn d’Beats Fit Pro Kopfhörer. Well d’Staangen vun den al bekannten In-Ear Headsets solle verschwannen. Een Bigel stollen déi nei AirPods keng kréien. Deementspriechend wäerte se ganz änlech wéi den Design vun de Samsung Galaxy Buds 2 ausgesinn. Et géif nëmmen e klenge Knäppchen am Ouer bleiwen. D’Beats Fit Pro Kopfhörer ginn nëmmen als Modell fir de Gehais benotzt.

© ipadizate

Déi éischt AirPods goufen 2016 agefouert. Deemools waren d’Leit nach ëmmer ameséiert iwwer d’Staangen vun den Kopfhörer. Haut sinn se Kult. Sollt Apple Markenzeechen tatsächlech ewechhuelen, wier et eng grouss Ännerung. Nieft dem geännerten Design wëll Apple och nei Sensoren benotze fir Sportsaktivitéiten ze tracken. Den Chip vum AirPods Pro soll och verbessert ginn, sou datt d’Verbindung zum iPhone méi stabil gehale ka ginn.