Foodwatch erkennt gëfteg Mineralueleg a ville Liewensmëttel

D’Konsumentenorganisatioun fuerdert d’Produkter direkt zréckzeruffen.

D’Konsumentenorganisatioun Foodwatch huet viru kuerzem en europawäiten Labostester gemaach. Insgesamt 152 Liewensmëttel aus Däitschland, Éisträich, Belsch, Frankräich an Holland goufen ënnersicht.

An 19 vun de ënnersichte Produkter goufen Mineralölreschter fonnt. Foodwatch fuerdert datt déi betraffe Liewensmëttel direkt zréckgeruff ginn. An Däitschland geet et ëm Nutella, Nusspli Noss Nougat Crème souwéi Bouillonwierfelen a Sauce vu Knorr. Den héchste Wäert gouf an der Knorr Bratensaft-Basis mat 82 mg / kg fonnt. An der Ferrero Mark Nutella ,gouf 2,3 mg / kg MOAH aus enger Charge aus Däitschland fonnt. Normalerweis gëllt bei den meeschten Produkter eng Noweisgrenz vun 0,5 mg pro Kilogramm.

Mineralölkuelewaasserstoffer stellen gesondheetlech Risiken fest. Si kënnen d’Genen beschiedegen oder kriibserreegend sinn. Och kleng Quantitéiten vun esou Iwwerreschter sollten ni a Liewensmëttel zou sech geholl ginn. Déi méiglech Ursaachen sinn d’Verpakung t oder d’Maschinnen déi fir d’Veraarbechtung genotzt ginn.

„Den eigentlechen Skandal ass: datt obwuel de Problem vun enger geféierlecher Mineralölkontaminatioun zënter Jore bekannt ass a komplett léisbar ass, et nach ëmmer kee Limitwäert gëtt , deen den Konsument schützt – dëst ass e richtege politesche Versoen.