Marvel Blockbuster op Disney Plus bestätegt


Den neie Film Highlight kann d’nächst Joer op Disney + gestreamt ginn.

© Disney

Den neie Marvel Highlight „Eternals“ huet viru knapp engem Mount an de Kino ugefaangen. Wéi d’Streamplattform Disney + elo bestätegt huet, wäert d’Aventure mam Angelina Jolie an der Haaptroll geschwënn op Nofro an der Stuff verfügbar sinn.

Vum 12. Januar 2022 un kënnen „Eternals“ op Disney + gestreamt ginn. Also et sinn e bësse méi wéi zwee Méint tëscht de Kinorelease an der Verëffentlechung op Disney. Nieft dem Hollywood-Star Angelina Jolie als Thena kënnen d’Fans sech op Richard Madden als Ikaris, Kumail Nanjiani als Kingo, Gemma Chan als Sersi, Lia McHugh als Sprite, Salma Hayek als Ajak, a Kit Harington als Dane Whitman freeën.

© Disney

D’Aarbecht vum Regisseur Chloe Zhao handelt iwwer eng Allianz vun Heldinnen an Helden déi sech ëm d’Äerd këmmeren. Dës Allianz gëtt Eternals genannt. An der neier Marvel Produktioun mussen si hir Superkräfte benotze fir d’Mënschheet vun den Devianten ze retten, déi tatsächlech scho laang ausgestuerwen sinn, an déi erëm opdauchen an eng geféierlech Bedroung ginn. Bis haut huet de Blockbuster weltwäit 395 Milliounen US-Dollar abruecht. Fir „Eternals“ ze streamen, braucht Dir en Abonnement op Disney +. Dat kascht 8,99 Euro pro Mount.

Dir kënnt den Trailer op YouTube hei kucken: