200 Milliounen Euro: säfteg Gehältererhéijung fir EU-Beamten


D’Beamte kënne sech op e vollen Kont freeën.

40.000 EU-Beamte kënnen sech drop freeën. Well si kréien eng héich Erhéijung. Laut engem Rapport vun der EU-Kommissioun, ginn d’Paie vun de Fonctionnairen ab dem 1. Juli retroaktiv ëm 1,9 Prozent eropgesat.

Wéi d’Zeitung „Bild“ matdeelt, belafen d’Zousätzlech Käschten vun der Gehaltserhéijung fir EU-Steierzueler iwwer 200 Milliounen Euro. De Michael Jäger, Generalsekretär vun der Europäescher Steierzuelerverband, huet dat „affrontéierten Selfservice vum ëffentleche Secteur“ genannt. Weider kritiséiert hien d’Prozedur: „Besonnesch zu dëser Zäit wou d’politesch Féierung vun de Bierger Spuer a Verständnis fuerdert, muss d’Europäesch Unioun dréngend mam gudde Beispill virgoen. Dat weist wéi wäit Europa sech vun de Leit distanzéiert huet.“

Déi niddregst Basispai vun engem EU-Beamte läit elo bei 3.057 Euro. Déi héchst Basispai ass 21.163 Euro pro Mount. An dësem Fall kann d’Persoun e Plus vu 400 Euro freeën. Och d’Pai vun engem EU-Kommissär klëmmt als Resultat vun der Hausse op 23.809 Euro.

D’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen kann elo och op e méi vollen Kont zréckkucken. Den 63 Joer ale verdéngt am Ganzen 29.205 Euro de Mount. Si huet Recht op eng Erhéijung vun 545 Euro. Et ginn och Allocatiounen, déi 34.000 Euro méiglech maachen.