Den Elon Musk wëll Gehirchips bei Mënschen am Joer 2022 testen


De 50-Joer ale wëll am nächste Joer déi éischt Tester op Leit mat senger Firma Neuralink maachen.

Den Entrepreneur Elon Musk wëll am nächste Joer déi éischt Gehirchips un Leit testen. Dat huet de Milliardär op Twitter matgedeelt. De Projet gëtt am Kader vu sengem Neuralink Grupp recherchéiert. Bis elo gouf d’Technologie nëmmen un Déieren getest.

Schonn am Mee 2020 huet de Musk vu senge Visiounen geschwat fir Gehirtechnologie ze benotzen fir d’Kontroll vu bestëmmte Kierperfunktiounen vun behënnerte Leit rëm ze ginn , oder fir motoresch Krankheeten auszegläichen. De Musk huet och dem „Wall Street Journal“ ugekënnegt datt déi éischt Tester op Mënschen am Joer 2022 solle stattfannen, virausgesat datt d’US medizinesch Autoritéit FDA dem Projet zoustëmmt.

„Feelerhaft oder feelend Neuronen duerch Schaltkreesser ze ersetzen, ass de richtege Wee, doriwwer nozedenken. Vill Probleemer kënne geléist ginn andeems Signaler tëscht existéierende Neuronen iwwerbréckt ginn. De Fortschrëtt wäert sech beschleunegen, wa mir d’nächst Joer Apparater bei Mënschen testen, „sot den Musk.

Am Ufank vum Joer huet Neuralink e Video publizéiert, deen en Af weist, deen d‘ Videospill Pong mam Gehirchip spillt. D’Zil ass zum Beispill datt Leit déi queeschschnëttsgeläämt sinn, Apparater mat Gehirsignaler benotze kënnen.