„Forbes“ Lëscht verréit: Dëst sinn déi mächtegste Fraen vum Joer

„Forbes“ Magazin verréit a senger Lëscht „World’s 100 Most Powerful Women“, wei eng Fraen an dësem Joer weltwäit am mächtegsten sinn. Un der Spëtzt steet MacKenzie Scott. Si ass déi drëtt räichste Fra op der Welt a stoung eemol op der Säit vum Entrepreneur Jeff Bezos. D’Bestietnes ass am Joer 2019 ofgeléist ginn.

Laut „Forbes“ verdéngt si den Troun vun der Lëscht, well si een néien Ëmgang mat Räichtum fuerdert an virlieft: „An enger Zäit wou Milliardäre wéi hiren Ex-Mann an de Weltraum fléien, notzt Scott hirt enormt Verméigen, net nëmmen fir Asbl ze ënnerstëtzen, déi eng gutt Aarbecht leeschten, awer och, d’Aart a Weis, wéi Räichtum a Muecht am Land gesammelt gëtt, an fro ze stellen.“

(Photo by Dia Dipasupil/Getty Images)

Zweet Plaz huet d Vizepresidentin vun den USA, Kamala Harris. Déi 57-Joer al Fra gëtt no verfollegt vum Christine Lagarde, Presidentin vun der Europäescher Zentralbank. Op der 4. Plaz steet déi amerikanesch Managerin Mary Barra an op der 5. Plaz d’Melinda French Gates. En Däitschen huet et an d’Top Ten vun der Lëscht gepackt. D’Ursula von der Leyen kann sech op déi aachte Plaz freeën.

D’Ënnerhalungsindustrie ass och vertrueden. D’Televisiounsstar Oprah Winfrey steet op der 23. Plaz, d’Superstar Rihanna op der 68. an den Hollywoodstar Reese Witherspoon op der 74., knapp gefollegt vun de Popstaren Beyoncé Knowles op der 76. an dem Taylor Swift op der 78. D’Queen muss sech dëst Joer mat der 70. Plaz ze zefridden stellen.