Etude weist: Männer mat dëse Perséinlechkeeten fueren dacks Mercedes oder BMW

Eng Etude vun der Universitéit Helsinki huet d’Psyche vun den Automobilisten analyséiert.

© Autobild

Eng Etude aus Finnland seet, datt Männer, déi ënner Verhalensproblemer leiden, besonnesch warscheinlech Chauffeuren vu Mercedes oder BMWen sinn. De Besëtzer vun dëse Luxusautoen tendéieren dozeu, gären mol bëssi ze staark an den Gaspedal ze drécken oder sech am Traffic rücksichtslos ze verhaalen. Den Auto gëtt och als Statussymbol benotzt.

D’Universitéit vun Helsinki Etude weist, datt Leit vun engem bestëmmte Perséinlechkeetstyp dozou tendéieren ,sech esou en Auto rauszesichen. „Chauffeuren, déi am wahrscheinlechsten d’rout Luuchten ignoréieren, de Foussgänger net eriwwer loosen an allgemeng riskant an ze séier fueren, hunn dacks däitsch Autoen“, sot de Professer Jan-Erik Lönnqvist. „Chauffeuren, deenen hir Perséinlechkeet als désagréabel ugesi ka ginn, ginn vun wäertvollen Autoen ugezunn“, erkläert hien an engem Interview mat „Eureka-Alert“.

Männer, déi déi genannten Autosmarken favoriséieren, hunn den Drang, hir Iwwerleeënheet géigeniwwer aneren ze demonstréieren. Si kënnen am beschten d’Show duerch hir Statussymboler realiséieren. De Professer Lönnqvist huet eng Ëmfro mat 1.892 Participanten gemaach. D’Resultat huet ënner anerem gewisen, datt et en Zesummenhang gëtt, tëscht onbestänneg Fuerverhalen a Luxusautoen.

Nieft deenen gëtt et och de Grupp, deen, andeems se hiren Auto auswielen, besonnesch zouverlässeg an vertrauenswierdeg erschéngen wëllen. An dësem Fall sichen sech organiséiert, éiergäizeg a gewëssenhaft Leit den Luxusauto aus, em ganz aner Qualitéiten ze symboliséieren.