„Matrix 4: Resurrections“: Hype ëm neien Trailer mam Keanu Reeves

Den neien Deel vun der berüümter Rei fänkt den 23. Dezember un.

Den neien Deel vun der Rei „Matrix“ soll den 23. Dezember weltwäit an de Kino kommen. En weideren Trailer gouf viru kuerzem als Virgeschmaach verëffentlecht. Am Fokus vum Highlight mam Titel „Matrix 4: Resurrections“ ass de Schauspiller Keanu Reeves alias Neo.

Et si bal 18 Joer hier, datt de leschten Deel vun der „Matrix“ Rei publizéiert gouf. Am Joer 2003 huet „Matrix: Revolutions“ d’Häerzer vum Publikum ageholl. Elo geet den Science Fiction Aventure weider. Filmmacherrin Lana Wachowski souz nees um Regisseurstull. Nieft dem Reeves sinn d’Carrie-Anne Moss, d’Priyanka Chopra an de Yahya Abdul-Mateen II an den Haaptrollen ze gesinn.

Wärend de Handlung vum Film geheim gehale gëtt, sinn e puer Detailer schonn geleaked ginn. Demno fänkt d’Geschicht nom drëtten Deel un. Eigentlech sinn den Neo an Trinity am drëtten Deel gestuerwen. Awer si fannen e Wee fir erëm opzestoen, wéi de passenden Titel „Resurrections“ scho seet. Den Trailer bitt vill Basen zur spekulatioun.

„Elo ass den Moment, em ze ze weisen wat real ass,“ héiert een dem Neo seng Stëmm am Clip soen. Den Trailer gouf schonn 4,8 Millioune mol bannent engem Dag gekuckt. D’Fans loossen hir Begeeschterung an de Kommentaren lafen: „‚ Mr. Anderson, wëllkomm zréck, mir hunn dech vermësst.’Meng Filmer aus der Kandheet. Endlech geet et weider.“