Studie behaapt: Corona Impfung mat Biontech a Moderna verbessert Spermaqualitéit

Eng Etude aus den USA weist datt d’Spermaqualitéit no der Corona Impfung bei 45 Männer sech verbessert sollt hunn.

D’Corona Impfung vu Biontech / Pfizer an vu Moderna si schonn e puer Millioune Mol gesprëtzt ginn. E puer Kritiker hu behaapt datt d’Impfung d’Männer onfruchtbar maachen kéint. Eng Etude vu Miami huet sech mat dëser Fro beschäftegt, déi gewisen huet, datt de Géigendeel de Fall soll sinn.

Laut de Resultater, verbessert sech d’Qualitéit vum Sperma, nodeems d’Männer d’Impfung kruten. D’Fuerscher hunn hir Erkenntnisser am Journal „Jama“ publizéiert. De Sperma vun insgesamt 45 Männer tëscht 18 a 50 Joer goufen ënnersicht. All Participanten kruten d’mRNA Impfungen vu Biontech / Pfizer an Moderna.

D’Männer hunn eng Prouf no zwee bis siwe Deeg Abstinenz zur Verfügung gestallt, déi se ofginn hunn, ier se déi éischt Dosis vun der Impfung kruten. Si hunn déi zweet Prouf ongeféier 70 Deeg no der zweeter Impfung ofginn. D’Spermakonzentratioun an Gesamtzuel vu beweegleche Spermien ginn no der Impfung bedeitend erop: „D’Median Spermienkonzentratioun an den TMSC waren 26 Milliounen / ml (IQR, 19,5-34) respektiv 36 Milliounen (IQR, 18-51)). No der zweeter Impfdosis ass d’mediane Spermienkonzentratioun wesentlech eropgaangen, op 30 Millioune / ml (IQR, 21,5-40,5; P = .02) an de mediane TMSC op 44 Milliounen (IQR, 27.5-98; P = .001). De Spermavolumen an Spermamobilitéit sinn wesentlech eropgaangen.

Bei kengem vun den Männer gouf no der Impfung festgestallt, dass hinne Spermazellen géifen feelen. Ausserdeem verschlechtere sech Wäerter am Géigesaz zur éischter Analyse net.