Gréng oder Brong: Mutz vun Tiktokerin gëtt zum Rätsel

Dausende vu Fans spekuléieren iwwer déi richteg Faarf vun der Mutz.


D’Mutz vun der TikTokerin „oteliacarmen“ suerg fir Verwonnerung. Dausende vu Benotzer hunn viru kuerzem ugefaange iwwer de Wanter Accessoire ze rätselen.

Well d’Mutz verännert seng Faarf. D’Userin war selwer nom Kaf duercherneen. Well si eng gréng Mutz bestallt huet, dee beim Auspaken awer brong ausgesäit. An engem anere Raum hellt se eng raschteg rout Faarw un. D’Userin huet dëst Phänomen recherchéiert an et huet sech erausgestallt datt d’Faarf vum Kleedungsstéck jee no Beliichtung geännert huet.

„Et ass Metamerie. Dofir ass d’Beliichtung an der  Innenarchitektur sou wichteg“, erkläert hat hiren Fans. „Oteliacarmen“ huet e Video gepost an deem si déi verschidde Faarwen demonstréiert. Déi jonk Fra ass vun engem Zëmmer an dat anert gaangen an huet gewisen, datt déi ufanks brong Mutz op eemol Gréng ass.

Duerno huet si de Phänomen „Metamerie“ erkläert. Wann Dir Objete kuckt, existéiere se tatsächlech net an der Faarf an där mir se gesinn. Faarwen entstinn wann d’Optiknerven duerch Liichtquellen stimuléiert ginn. D‘ Mutz reflektéiert Liichtspektre, déi schlussendlech zu der Perceptioun vun engem Faarftéin féieren.