Geschwënn nëmmen nach op Disney+: Dës Serien verschwannen bei Netflix an Amazon

An Zukunft wäerten e puer Serien exklusiv op Disney+ verfügbar sinn.

Disney wäert sech an Zukunft mat e puer Partner trennen. Eng vun de Konsequenzen dovun ass, datt verschidde Serien net méi op Netflix an Amazon Prime gestreamt kënne ginn. Déi kënnen dann exklusiv bei Disney+ gekuckt ginn.

Och Inhalter vun 21th Century Fox gehéieren dozou. Well Disney huet am Joer 2019 grouss Deeler vum Konzern iwwerholl . Wéi ënner aneren d’Websäit „Golem“ gemellt huet, sinn Serien wéi „How I Met Your Mother“ a „Family Guy“ vun der Ännerung betraff. Bei Netflix gëtt schonn den Avis ugewisen, datt „How I Met Yout Mother“ nëmme bis den 31. Dezember gestreamt ka ginn.


Ausserdeem verschwannen d’Serien „24“, „New Girl“, „Prison Break“ an „Sons Of Anarchy“ aus der Netflix Offer. Wien Serien bei Amazon Prime Video streamt, muss och op Serien verzichten. Hei verschwannen „Bones“, „Family Guy“, „Futurama“, „Orville“, „Prison Break“ a „White Collar“ vun de Schiirmer. Disney soll „Disney +“ mettlerweil zum wichtegste Produkt deklaréiert hunn. Aus dësem Grond wäerten e puer Offeren an Zukunft exklusiv um internen Streaming Service verfügbar sinn.