19 Joer al Léierin schéckt Pornoe un hir mannerjäreg Schüler

Dem Emily Durden seng Affer sinn 13 a 14 Joer al.

Den 8. November huet d’Léierin Emily Durden hire Service an der Cleveland County School ugefaangen. Mä dës Aarbecht huet net laang gedauert, den 18. hat déi 19 Joer al Léierin hir Aarbecht schonn verluer. Dëst war op kee Fall well si demissionéiert huet. Déi jonk Fra gouf festgeholl.

D’Emily Durden ginn wéinst „harcelement sexuelle“ an zwee Fäll reprochéiert. Ausserdeem soll si pornografesch Inhalter un hir mannerjäreg Studenten geschéckt hunn. Wéi d’Berliner Zeitung gemellt huet, waren d’Kanner männlech an tëscht 13 a 14 Joer al. Laut dem Parquet soll Durden hir Handlungen zouginn hunn.

Déi 19-Joer al ass déi jéngst Fra, déi wéinst Verschécken vun pornografesch Inhalter ugeklot gouf, sot den Derwin Briscoe, dee säit 29 Joer Polizist ass. Durden soll op Kautioun vun $ 50.000 fräigelooss ginn sinn. Si dierft awer nëmmen ënner bestëmmte Konditiounen de Prisong verloossen. Durden dierf net bei eng Schoul goen an dierf sech op keen Fall, Kontakt zu hiren Affer ophuelen.