Apple wëll dem iPhone Äddi soen

Den Analyst Ming-Chi Kuo deckt déi neisten Pläng vun der Entreprise op.

© Apple

Et kléngt fir Apple Fans schockéierend: D’Firma wëll dem iPhone Äddi soen. Laut engem Bericht, deen op „9to5Mac“ erauskoum, wäert de populäre Smartphone an zéng Joer eng Saach vun der Vergaangenheet sinn.

Den Analyst Ming-Chi Kuo huet verroden datt Apple plangt den iPhone duerch en AR Apparat ze ersetzen. D’Ofkierzung steet fir Augmented Reality. Hei vermëscht sech déi real mat der virtueller Welt. Laut Kuo ass dës grouss Ännerungen guer net sou einfach ze gestalten: „Et gi momentan méi wéi eng Milliard aktiv iPhone Benotzer. Wann Appl d’Zil huet, den iPhone duerch AR ze ersetzen, heescht dat datt Apple op d’mannst eng Milliard AR Apparater an zéng Joer verkafen muss.

© Apple

Den éischte Schrëtt an déi nei Richtung wäert mat engem AR / VR Headset sinn, deen um Enn vum nächste Joer presentéiert gëtt: „Wann den AR Headset nëmmen als Accessoire fir de Mac oder iPhone positionéiert gëtt, wier dat net gutt fir den Wuesstem vum Produkt. En AR Headset, deen onofhängeg funktionéiert, bedeit, datt et säin eegene Ökosystem huet an déi beschten a flexibelst Benotzererfarung bitt.

Fir VR zur selwechter Zäit z’ënnerstëtzen, sollten d’AR Brëller zwee 4K Displays vu Sony hunn. En High-End Chip, dem den M1 Chip änelt, wäert fir déi bescht Leeschtung garantéieren. Wéi „inside-digital“ mellt, kéint de Brëll e Slot fir eng SIM Kaart hunn. Domat kéint en schlussendlech de iPhone ersetzen.