Meedchen (9) aus gezwongen Bestietnes mat engem 55 Jähregen befreit

E Papp aus Afghanistan huet seng 9 Joer al Duechter verkaf, well d’Famill ënner Hongersnout gelidden huet.

Am Afghanistan gouf en 9 Joer alt Meedchen aus engem Zwangsbestietnes mat engem 55-Joer ale Mann gerett. Wéi ënner anerem d’RTL-Televisioun gemellt huet, huet de Papp dat jonkt Meedchen verkaf, well d’Famill ënner Hongersnout gelidden huet.

Och wann Zwangsbestietnes an Afghanistan illegal ass, gouf dat klengt Parwana un e Frieme verkaaft, deen hat duerno bestuet huet. Dëst Schicksal ass keen Eenzelfall. An aarme Géigenden sinn ëmmer méi Meedercher dovun betraff. Een amerikaneschen Fernseesender huet iwwer de Verkaf vum klenge Meedchen bericht. Dëst huet international Wellen geschloen an eng Hëllefsorganisatioun huet direkt intervenéiert.

CNN

Schlussendlech konnt d’Parwana befreit ginn: „Dir hutt mir en neit Liewen geschenkt.“ Den Papp vum Meedchen huet hat fir knapp 1.900 Euro verkaf. Natierlech war ech rosen, ech hunn mat him gewiert a gekrasch. Hien huet gesot datt hie keng Wiel hätt, erkläert dem Parwana seng Mamm um CNN. D’Meedchen huet probéiert sech ze wieren an wollt léiwer an d’Schoul goen. Mee leider huet dat net geklappt

De 24. Oktober gouf hat schliisslech un een 55 Joer alen Mann verkaf. „Mäi Papp huet mech verkaf well mir kee Brout, Räis oder Miel méi hatten. Si hunn mech schlecht behandelt, si hunn mech verflucht, si hunn mech fréi erwächt an hunn mech schaffen gelooss, „sot d’Parwana. Hat soll souguer geschloe ginn sinn. Schliisslech ass d’Organisatioun „Too young to wed“ zur Rettung komm an huet dat klengt Meedchen aus hirem Zwangsbestietnes gerett. Si hunn Meedchen an seng Famill an e klengt Haus bruecht an si versuergt.