„Berlin“: „La casa de papel“-Spin-off kënnt 2023

De Pedro Alonso wäert am Fokus stoen.

Déi erfollegräich Serie „La casa de papel“ geet dëst Joer op en Enn. Déi lescht Episoden vun der leschter Saison koum den 3. Dezember eraus. E Grond fir d’Fans ze traueren? Nee! Well Netflix huet schonn e Spin-Off vum Highlight mam Titel „Berlin“ bestätegt.

Bis dohinner mussen d’Fans nach e bëssi gedëllegen. D’Serie ass fir 2023 ugekënnegt ginn. Netflix huet eng Foto op Twitter gedeelt. Déi nei Serie wäert sech op de Pedro Alonso konzentréieren. Hien huet dem Professer säi Brudder an Serie gespillt a war ënner dem Decknumm „Berlin“ um Bankiwwerfall involvéiert.

De Charakter ass an der zweeter Saison gestuerwen a war vun do un just nach a Flashbacks ze gesinn. Hien gëllt als grousse Libling bei den Fans an dofir soll him besonnesch Opmierksamkeet geschenkt ginn. Ëm wat et genee geet, ass nach net gewosst. D’Fans spekuléiere schonn iwwer den Inhalt vun der neier Serie. Et kéint zum Beispill ëm d’Virgeschicht vum Berlin handelen. Et besteet also eng gutt Chance, datt och aner bekannte Gesiichter aus „La casa de papel“ an der Geschicht optrieden.

De Pedro Alonso sot an engem Interview, datt all d’Personnagen an der Serie e Spin-Off verdéngen. Villäicht wäert den „Berlin“ net déi eenzegen Special bleiwen, déi d’Fans ze gesinn kréien.