YouTuber stierft bei Videosopnam: „Apetor“ Eckhoff brécht an d’Äis

De 57 Joer ale Mann ass gestuerwen nodeems hien e geféierleche Stunt um Äis gefilmt huet

Et ass keen Eenzelfall; e YouTube Star aus Norwegen koum viru kuerzem bei enger Videoopnam ëm Liewen. Influencer wëllen hir Fans ënnerhalen, ëm Likes an Opmierksamkeet ze kréien an dat ass genee dat, wat hinnen zum Verhängnis gëtt.

Ee vun hinnen ass den „Apetor“ Eckhoff, dee sech fir säin Stunt mat Schlittschong op eng dënn Äisfläch getraut huet. Bei der Opnam vu sengem Clip, soll déi op eemol gebrach sinn. Den Eckhoff ass an de gefrueren Séi agebrach, wéi verschidde norwegesch Medien eestëmmeg gemellt hunn. De leschte Freideg huet den YouTuber dowéinst säi Liewe misse loossen.

Den Accident ass an der Géigend vun Kongsberg geschitt. Taucher konnten d’Affer aus dem Waasser zéien. Allerdéngs ass hien kuerz drop am Krees vun senger Famill gestuerwen. Kuerz ier hien an d’Äis gefall ass, war hien deen Dag besonnesch zouversiichtlech. Hie soll wärend engem Telefonsgespréich mat senger Frëndin iwwer „perfekte Konditiounen“ geschwat hunn.

„Apetor“ huet e puer Videoen opgeholl, déi weisen wéi hien op dënnem Äis trëppelt. Hien ass méi dacks agebrach, konnt sech awer ëmmer hëllefen a sech befreien. Dës Kéier huet de 57-Joer alen Mann et net gepackt an um Enn huet hie säi Liewe fir säin Stunt misse loossen.