Vermësst: Bryan Duarte Dos Santos (17)

De Bryan Duarte Dos Santos am Alter vun 17 Hoer gëtt zënter den Dënschden vermësst. Fir d’lescht ass hien zu Déifferdeng gesinn ginn.

Hien ass 1,80 Meter grouss, huet blo Aen an hat zulescht eng schwaarz Mutz, eng schwaarz Jackette an eng Joggingsbox un, sou wéi beige Sneakers. E soll donieft e schwaarzen Handkoffer an eng Wallis bei sech hunn.

All Info ass fir d’Police vun Déifferdeng op der Nummer (+352) 244 53 1000 oder iwwer Mail police.differdange@police.etat.lu oder den 113.