„Star Wars“ Fans enttäuscht: Populäre Sammlerartikel gëtt ni produzéiert

Fir Fans vun „Star Wars“ an „The Mandalorian“ ass d’Ukënnegung vun Disney eng richteg Enttäuschung.

Star Wars: Galaxy's Edge at Walt Disney World Resort | StarWars.com
© Disney

Star Wars Fans sinn enttäuscht. Well dat laang erwaarde Laserchwäert aus der berüümter Sternensage net wäert kommen. Op d’mannst net an ärem eegene Wunnzëmmer. Nodeems déi éischt Rumeuren am Fréijoer entstane sinn, huet d’Hoffnung ënnert de Fans ugefaang ze wuessen. Awer elo sollt et kloer sinn datt dat faarwegt Laserschwäert net op de Maart wäert kommen.

D’Laserschwäerter vun den Jedi an Sith sinn net fir den Verkaf geduecht. Si ginn vun Acteuren benotzt, déi am Themenluxushotel „Star Wars: Galactic Starcruiser“ schaffen. Do kënnen d’Gäscht och un engem Laserschwäert Training deelhuelen. Héichwäerteg Replicken ginn dobäi benotzt. Den Training ass schonn virum Start fir déi nächst Méint ausgebucht.

© Disney

Leider kënnen d’Fans sech den Sammlerartikel net selwer zouleeën. Dës ass eng grouss Enttäuschung. Besonnesch nodeems am Ufank des Joers, déi „richteg“ Laserschwäerter fir d’éischt gemellt goufen.

D’Schwäert gouf vum Josh D’Amaro enthuelt. Hien test den uewen genannten Training, deen fir 2 Leit $ 4,809 kaschten soll. Am Präis dobäi ass een Openthalt mat zwou Nuechten am Hotel an eng „Rees duerch d’Star Wars Welt“. Disney huet e Video op den sozialen Medien gedeelt, dee genau weist wéi den Laserschwäert-Training wäert ausgesinn. Den Hotel soll den 1. Mäerz 2022 opgemaach ginn.