NASA: Um Mound soll een Atomkraaftwierk gebaut ginn

D’NASA fuerdert weltwäit Ëmsetzungsvirschléi.

© Nasa

D’NASA wëll en Atomkraaftwierk um Mound bauen. Et war laang kee Geheimnis datt d’Fuerscher probéieren d’Mënschen ausserhalb vun der Äerd ze unzesidelen. Am Fall gëtt dann natierlech Stroum um Mound gebraucht. Dofir huet d’NASA sech geduecht, dee betreffenden Projet an Liewen ze ruffen.

Elo sicht d’Weltraumagence no Iddien fir eng méiglech Ëmsetzung vum aussergewéinleche Plang. Propositioune solle bis Februar 2022 ukomm sinn. Astronaute ginn dann 2025 op de Mound geschéckt. Ënnert anerem solle se do eng Moundbasis bauen. Mä dëst muss mat Stroum versuergt ginn. Also ass e villverspriechend Konzept noutwendeg. De Reakter soll autonom vun engem Rover oder dem Deck vun enger Moundfär bedriwwe kënne ginn.

© Nasa

Jiddereen kann sech bei der d’NASA mellen, fir seng Iddien fir een funktionéierend Atomkraaftwierk um Mound ze präsenteieren. „Bereetstellen engem sou performanten System um Mound ass deen nächster entscheedenden Schrëtt an der Erfuerschung vum Weltall duerch den Mënsch an ass  gräifbar No“, sot de Sebastian Corbisiero, Direkter vum „Fission Surface Power Project“ am Idaho National Laboratory.

Den Jim Reuter vun der NASA ass och optimistesch : „Vill Energie wäert de Schlëssel fir zukünfteg Weltraumfuerschung sinn. […] Ech erwaarden, datt d’Kernsplatung eis Pläng fir eng Energieversuergung um Mound a Mars immens profitabel wäert sinn a souguer Innovatiounen fir Uwendungen hei op der Äerd weiderdreift.