Den iPhone Akku hält net laang genuch: Sou kann s du den Akku-Feeler behiewen

Dass den Smartphone rëm méi zouverlässeg duerchhält, kann den Akku néi kalibréiert ginn.

© connect

Wann den iPhone op eemol ausgeet oder d’Batterie ganz séier eidel ass, ass et eng extrem lästeg Situatioun. Schliisslech kënnt Dir keng Messagen méi empfänken,wann Dir ënnerwee sidd, oder d’Telefonater ginn einfach ënnerbrach. Dat muss awer net ëmmer un enger defekt Batterie léien.

D’Batterie kann falsch kalibréiert sinn. Wann dëse Feeler geschitt, muss de Smartphone net direkt an Reparatur bruecht ginn. Et gëtt eng Méiglechkeet de Problem selwer ze léisen. Wann d’Batterie tatsächlech falsch kalibréiert ass, mengt de System datt d’Batterie scho eidel ass, obwuel nach e Reschtbatterie iwwreg ass.

© Apple

Fir d’Batterie nei ze kalibréieren, muss den iPhone als éischt voll gelueden ginn. Den iPhone soll méi laang wéi néideg um Stroum gelooss ginn. D’Batterie muss sech  dann komplett entlueden. De schnellste Wee fir dëst ze maachen ass komplex Apps lafen ze loossen. Wann den iPhone sech dann automatesch ausgeschalt huet, soll een laut Experten, probéieren den Handy néi ze starten, an dem een puer mol op den Power-Button laang dréckt

Den Apparat soll dono fir sechs Stonnen léien gelooss ginn, fir sécher ze sinn, dass en komplett entlueden ass. Schlussendlech kann een en wéi gewinnt un de Stroum hänken bis en op 100 Prozent gelueden ass. An de meeschte Fäll sollt d’iPhone Batterie no der Aktioun méi laang halen.