Bei voller Pai: Italiener kënnt 15 Joer lang net zur schaffen

De 67 Joer ale Mann soll sech iwwer 538.000 Euro ergaunert hunn.

Wéi de Stern mat Referenz op d’Noriichtesäit „Calabria News“ gemellt huet, war de Spidolsbeamten Salvatore S. vu Catanzaro zënter 2005 net op d’Aarbecht opgetaucht – keen Dag. Trotzdem hat de 67-Järege bis viru kuerzem all Mount seng Pai pünktlech kritt – am Ganze koum hien op eng Zomm vu 538.000 Euro.

Wéi huet hien dat fäerdegbruecht? Huet hien eng enk Frëndschaft mam Spidolsdirekter? Huet hien esou eng gutt Aarbecht gemaach, dass hien fir 15 Joer virgesuergt huet? Oder hat hien viru laanger Zäit just een verdammt gudden Aarbechtskontrakt ënnerschriwwen?

Déi erniichtert Äntwert ass: weder nach. Amplaz hat de Salvatore S. seng Drampai op déi schänterlechst Manéier ergaunert: duerch aschüchteren an Erpressung. Tatsächlech huet eng Virgesetzten schonn 2005 gemierkt, datt hiren Mataarbechter net méi op d’Aarbecht koum. Op Nofroen krut hat an seng Famill Menacen géint sech an seng Famill.

Aus dësem Grond gëtt de Salvatore S., deen an den italienesche Medien och „King of the absent“ genannt gëtt, elo net nëmme wéinst Amtsmëssbrauch a Bedruch, mä och géint Erpressung ugeklot. D’Fro bleift, firwat seng permanent Verontreiung just vun enger (!) Persoun entdeckt gouf. Grond dofir: Déi opmierksam Virgesetzte ass iergendwann an d’Pensioun gaangen, duerno huet seng Absence anscheinend kee méi interesséiert. Am Hibléck op d’Verhalen dat hien gewisen huet, ganz verständlech …

Op hien elo an den Prisong muss, muss d’Gericht entscheeden.