Black Friday: Onéierlecher zocken Leit op Amazon of

Déi Onéierlecher zéien den Clienten Geld, mat bëlleg Präisser, aus der Täsch.

Déi angeblech Black-Friday-Offeren kënne richteg deier ginn. De grousse Shopping-Féiwer brécht den Ament aus, well op „Black Friday“ an „Cyber ​​​​Monday“ d’Keefer op all Eck Remiseën kréien. Duerch d’Corona-Kris boomt Online Geschäft, an déi meeschten Leit shoppen dowéinst léiwer online an.

Awer jiddereen deen op Amazon keeft, soll ëmmer gutt oppassen. Well déi Onéierlech dreiwen Bedruch op der Plattform . Den IT Sécherheetshiersteller ESET warnt virum Scam. D’Zil ass den Amazon Bezuelsystem ze ëmgoen. Well d’Produite sinn vermeintlecht nëmme verfügbar wann Dir virdru mam Ubidder per E-Mail Kontakt opgeholl hutt.

Wann Dir am Viraus bezuelt, wäert Dir vun zousätzlech Remise an Offeren ugelackelt ginn. Allerdéngs ginn d’Produkter ni verschéckt an de Client bezilt fir keng Géigeleeschtung. Déi offiziell Black Friday Deals vun Amazon selwer sinn natierlech harmlos. Hei kann zougegraff ginn. D’Scammers dreiwen sech net nëmmen op Amazon ronderëm. Och iwwer sozial Medien gëtt probéiert dem Konsument, Suen aus der Täsch ze zéien.


Falsch Offere ginn iwwer Facebook an Instagram verbreet. Dës ginn clever vermaart. Dacks sinn dëst gefälschte Geschäfter an d’Links féieren op gefälschte Websäiten. D’Zil ass d’Daten a perséinlech Informatioun ze kréien: „Internet Benotzer sollen bei mega Offeren skeptesch sinn an d’Offer genau kontrolléieren an kucken wei vill se op Vergläichssäiten wei idealo.lu kaschten. E puer Remiseën an Offeren si einfach ze gutt fir wouer ze sinn.