9 Millioune Smartphones betraff: 190 Android Apps verdeelen Malware

Den Trojaner gouf onopfälleg an Spillapps integréiert.

Iwwer 9 Millioune Android Smartphones solle mat béiswëlleg Software infizéiert sinn. Dat huet ënner anerem den Noriichteportal „chip.de“ gemellt. Laut Malware Analysten kënnt d’Menace vun engem Trojaner aus der Huawei AppGallery.

Android.Cynos.7.origin soll den Numm vum Virus sinn. Et ass a ronn 190 Apps agebaut a gelaangt duerch eroflueden op de Smartphone. Insgesamt 9.300.000 Benotzer solle schonn déi infizéiert Applikatiounen op hiren Handy erofgelueden hunn a scho laang an Benotzunh hunn. Betraff sinnSpiller vun der Huawei AppGallery.

E puer vun de Spillapps si un russesch Benotzer geriicht. Déi aner fir Chineesesch an international Benotzer. D’Apps, an deenen den Trojaner integréiert ass, froen d’Benotzer zum Beispill d’Erlabnis fir Zougang zu Telefonsdaten. Wann Dir d’Demande bestätegt, kann den Trojaner, Daten um Smartphone sammelen. Dës ginn dann un e Remote-Service geschéckt.

Dëst betrëfft zum Beispill d’Handysnummer vum Benotzer, d’Standortdaten, verschidde Parameteren vum Handysnetz, individuell technesch Donnéeë vum Apparat a Metadaten vun der infizéierter App. Spiller wéi „Beach Emergency Team“ oder „City Street Racing“ si betraff. Déi identifizéiert Apps solle vun Huawei aus dem Store geläscht ginn sinn. D’Benotzer mussen se manuell desinstalléieren. Eng Lëscht vun den Apps ass op dësem Link verfügbar.