Netflix: Néi Serie stéisst „Squid Game“ vum Troun

Den neien Horror-Highlight aus Südkorea suergt weltwäit fir Sensatioun.

Déi nei Serie „Hellbound“ huet de südkoreanesche Serie „Squid Game“ vu sengem Troun gedréckt. Well d’Mystère-Serie vum Regisseur Sang Ho-yeon ass de Moment op Plaz 1 vun den Netflix Charts. Direkt nom Serienstart (19.11.2021) stoung „Hellbound“ an iwwer 80 Länner un der Spëtzt.

Den Highlight gouf och a Südkorea produzéiert a gëtt als eescht Konkurrenz fir „Squid Game“ ugesinn. D’Handlung ass bal genau esou dramatesch a brutal. Mysteriéis Gestalten a Séilen erschéngen, déi ausgewielte Leit den Dag an d’Zäit vun hirem Doud prophezeien. Dämonen kommen d’Leit schliisslech huelen a schécken se direkt an d’Häll.

Schlussendlech kënnt eng reliéis Grupp mam Numm „The New Truth“ an den Fokus. Si erkläert wat duerch de Wëlle vu Gott geschitt ass. Angeblech wëll hien mat dëse Moossnamen d’Welt erëm op de richtege Wee féieren. Hire Leader Jung Jinsu seet, datt d’Monsteren nëmmen Leit huelen, déi eng Sënn begaangen hunn. Seng Unhänger iwwerhuelen vun elo un d’Strof.

Awer den Affekot Min Hyejin, de Polizist Jin Gyeong-hun an de Journalist Bae Yeong-jae wëllen dat net zouloossen. D’Geschicht spillt sech an der südkoreanescher Haaptstad Seoul of. Déi nei Horrorserie kann op Netflix gestreamt ginn an ass ab 18 Joer fräiginn.