Apple: Verkaf an der Tierkei gestoppt.

De Crash vum Lira verursaacht een Verkafsstopp vun Apple Produkter an der Tierkei

© Apple

D’tierkesch Lira verléiert ëmmer méi un Wäert an d’Inflatioun ass héich. D’Bevëlkerung probéiert hir Suen an Technologie a Kosmetik ze investéieren. D’Hoffnung ass grouss,dass Produkter an Zukunft zu engem méi héije Präis weider verkaf kënnen ginn. Well d’Lira soll laut „ntv“, säit Ufank vum Joer méi wéi 40 Prozent vu sengem Wäert verluer hunn.

Dës Situatioun bleift net laang beim Hiersteller Apple onbemierkt.Dofir huet d’Firma elo decidéiert seng Produkter fir de Moment net méi an der Tierkei unzebidden. „D’Leit stiermen an eis Geschäfter“, sot en Employé an engem Apple Store zu Istanbul. D’Clientë gesinn d’Produkter als eng gutt Investitioun a manner als Gebrauchsgéigestand. „D’Leit wëssen datt se an engem Joer, Saache kënne méi deier verkafen, wéi se elo bezuelt hunn.“

© Apple

D’Apple Websäit ass ëmmer nach aus der Tierkei zougänglech. D’Produkter ginn awer als „aktuell net verfügbar“ deklaréiert. Et ass net méi méiglech Bestellungen ze maachen. Wéi laang d’Firma plangt den verkaf ze stoppen ass nach ëmmer onkloer.

Den Wäert vum tierkesche Lira ass aktuell bei 0.074 Euro. Trotz all deem wëll de President Erdogan sech net dovunner trennen. Well hie wëll säi „wirtschaftleche Krich vun der Onofhängegkeet“ gewannen.