2027: „Voyager Station Hotel“ soll Vakanz am Weltall ermeiglechen

D’Orbital Assembly Company wëll den éischte Luxushotel an de Stäre bauen.

Eng Rees an de Weltraum soll 2027 méiglech sinn. Leit kënnen dann am „Voyager Station Hotel“ iwwernuechten. Dat soll an den nächste 6 Joer vun der Weltraumbaufirma „Orbital Assembly Company“ méiglech gemaach ginn. D’Gäscht géifen awer net duerch d’Gäng schwiewen, et gëtt eng speziell Technik zum Asaz kommen, déi fir Limitatioun vun der Schwéierkraaft suergt


Den Highlight vum Hotel wier d’Vue op d’Äerd. Sou kéinten d’Gäscht am Bett leien an déi aussergewéinlech Vue genéissen. Den Hotel soll bis zu 400 Leit amenagéieren. Luxuriéis Ariichtungen an de beschte Service ginn ugebueden. Ënnert anerem sinn Themenrestauranten, verschidde Baren, e Spa-Beräich, e Fitnessstudio an e Kino geplangt.

Dank enger Rei vu Butteker sollten d’Gäscht souguer d’Méiglechkeet kréien op eng Shoppingtour am Weltall ze goen. De Bau vum „Voyager Station Hotel“ soll a véier Joer ufänken a soll zwee Joer daueren. Den Hotel soll tëscht 300 an 1.000 Kilometer iwwer dem Mieresspigel placéiert ginn. Wéi genee d’Gäscht an hir Wunneng transportéiert ginn ass nach net kloer. Iwwer den Präis pro Iwwernuechtung gouf och nach net geschwat. 


Fir de Bau kënnen ze realiséieren, sicht d’Firma den Ament nach Investisseuren.