Medienotzung vu jonke Leit wärend der Pandemie
De Medienkonsum huet sech wärend der Corona-Pandemie geännert: Kanner a Jugendlecher hunn am Joer 2020 ronn 26% méi Zäit online verbruecht wéi dat Joer virdrun. Dëst gouf an Studien an Däitschland am Joer 2020 festgestallt. BEE SECURE erzielt Iech, wéi jonk Leit digital Medien notzen an op wat Dir als Elteren oppassen kënnt.
Nei Situatioun, erhéichten Konsum
Bei der Recherche vum Mediekonsum bei Jugendlecher a Kanner am Kader vu senge laangfristeg JIM-Studien (iwwer Jugend, Informatioun a Medien), senge KIM-Studien (iwwer Kandheet, Internet a Medien) an enger zousätzlecher Etude, huet d’Mediebildungsfuerschungsverband Südwest ënnersicht wéi Jonk Leit d’Medien an Zäite vu Pandemie notzen.
Am Joer 2020 hu jonk Leit méi Zäit mat YouTube Videoen , Musek lauschteren, Streaming Servicer an virum Fernsee verbruecht wéi an de Jore virdrun. Deeglech Online Benotzungszäit ass ëm ongeféier 26% am Joer 2020 eropgaang. Wärend Jugendlecher sech am Joer 2019 nach mat 205 Minutte online pro Dag gebretzt hunn, hunn se am Joer 2020 Duerchschnëttlech, 258 Minutten pro Dag online Déngschter benotzt.
D’Auteure vun der KIM Studie 2020 ginn dovun aus, datt d’Kontaktbeschränkungen an d’Zoumaachen vun de Schoule bei dësen Zuelen eng Roll gespillt huet, well aner Fräizäit- a Sportaktivitéite mat Frënn oder a Veräiner annuléiert goufen an dat digitaalt Angebot eng Alternativ fir Fräizäitaktivitéiten a Kommunikatioun ass.
Smartphones a Tablets, populären Allrounder bei Kanner
Laut der KIM Studie sinn Smartphones ganz populär. Am Duerchschnëtt kréien d’Kanner hiren éischte Smartphone wann se 9 Joer al sinn. 69% vun de Kanner tëscht 6 an 13 Joer benotzen et souguer eleng, ouni Opsiicht vun hiren Elteren.
Zu de populäersten Apps um Smartphone oder Tablet bei Kanner zielen laut der KIM Etude 2020, WhatsApp (52%), verfollegt vun YouTube (24%) an TikTok (19%). Duerno soen d’Kanner datt se Instagram, Snapchat, YouTube Kids a Facebook benotzen. Et sollt betount ginn datt dës Ëmfro bei Kanner tëscht 6 an 13 Joer duerchgefouert gouf an datt Apps wéi WhatsApp an TikTok e Mindestalter vun 13 Joer virschreiwen.
Laut der JIM 2020 Etude waren déi wichtegst Apps fir jonk Leit tëscht 12 an 19 Joer WhatsApp (82%), Instagram (46%) an YouTube (31%). Aner Apps waren Snapchat, Spotify, TikTok, Google, an Netflix. Och hei läit Facebook nëmmen um Enn vun der Liga, déi net méi mat der Popularitéit vun anere sozialen Netzwierker bei de jonke Leit mathale kann.
Risiken an Niewewierkungen
Well d’Schoul, d’Fräizäitaktivitéiten an d’Kommunikatioun online stattfonnt huet, ass d’Zäit, an dem sech Kanner a Jugendlecher am Internet beschäftegten, eropgaangen. Mat dëser Erhéijung ass d’Warscheinlechkeet méi grouss ginn, negativ Erfarungen online ze maachen.
29 Prozent vun de Jugentlecher, déi fir d’JIM Etude interviewt goufen, soten datt falsch Informatioun oder Beleidegungen iwwer si scho verbreet goufen. Zum Verglach: Am Joer 2019 ginn nëmmen 21% an 2018 nëmmen 19% un, datt falsch Informatioun oder Beleidegungen online verbreet goufen. 37% waren Zeien vun Beleidegungen an den Kommentaren op den sozialen Netzwierker.
Donieft huet all zweete Jugendlecher uginn datt si am Zäitraum vun engem Mount Haassmessagen um Internet gesinn hunn. En Drëttel sinn op Fake News Säiten gestouss a souguer d’Hallschent vun alle Befroten haten extrem politesch Meenungen a Verschwierungstheorien online gelies.
Awer och méi jonk Benotzer sinn u Risiken ausgesat, wa se zum Beispill onpassend Inhalter gesinn. 5 Prozent vun de Kanner tëscht 6 an 13 Joer soen, datt si schonn Inhalter gesinn hunn, dee fir hiren Alter net gëeegent ass. Dës reecht vun onsympathesche Reklammen iwwer grujeleg Videoen, Zeene vu Gewalt an Déierequälerei bis hin zu pornografeschen Inhalt.
Déi genee Prozedur a weider Resultater vun der KIM, JIM Studie oder der JIMplus Studie 2020 kënne gratis consultéiert ginn.
Den Artikel gouf vun BEE SECURE geschriwen. (Iwwersaat vun Papp.lu)