2025: Apple plangt voll autonomen Auto

Eng Quell huet verroden datt d’Firma grouss Schrëtt an der Entwécklung mécht.

Apple ass bekannt duerch seng Smartphones, Tablets, an Macbooks; awer de Grupp huet nach vill méi ze bidden. D’Firma konzentréiert sech de Moment op d’Produktioun vun engem speziellen Elektroauto. Wéi de „Manager Magazin“ gemellt huet, geet et konkret ëm e komplett autonoomt Gefier. Dëst kéint 2025 op de Maart kommen.

Laut „Bloomberg“ huet Apple sech an de leschten zwee Joer op zwee verschidde Projete konzentréiert. Deen éischten ass d’Produktioun vun engem Auto, deen deelweis autonom funktionéiert. Deemno géif d’Technologie de Chauffeur zum Beispill d’Steieren oder d’Acceleréieren ofhuelen. Den zweete Projet dréint sech ëm dat voll autonoomt fueren.

Wann dëse Projet geléngt, wier Apple den éischten dem dat geléngen géif. Tesla huet bis elo net fäerdeg bruecht e komplett autonomen Auto ze produzéieren. Den Kevin Lynch dirigéiert d‘Auto Entwécklung. „Project Titan“ gouf 2014 gestart. Den Insider huet dem „Bloomberg“ verroden, datt d’Firma grouss Schrëtt mécht fir den néidege System z’entwéckelen.

Apple soll geschwënn déi éischt Tester op  ëffentleche Stroossen starten an den éischten Auto kéint also a véier Joer seng grouss Première um Maart feieren.