„Return to Hogwarts“: „Harry Potter“-Special mam Watson und Radcliffe

D‘ „Harry Potter“-Stars wäerten rëm op den legendären Set zréckkommen

Virun ronn 10 Joer war den leschten „Harry Potter“-Film am Kino ze gesinn. Säitdeem mussen d’Fans op Zauberwelt verzichten. Awer dat soll sech elo änneren. Den 1. Januar 2022 soll den Special „Returen to Hogwarts“ verëffentlecht ginn.

Den Highlight gëtt bei HBO Max ausgestraalt. Pünktlech zum 20ten Jubiläum huet een sech eppes Besonnesches ausgeduecht. Well Duersteller  Daniel Radcliffe, Emma Watson a Rupert Grint wàerten rëm un dat legendär Set vum „Harry Pottter“ hanneschtgoen.

Schauspillerin Emma Watson huet hir Freed schonn op Instagram ausgedréckt: „Harry Potter“ war mäin Doheem, meng Famill, meng Welt an Hermine ass ëmmer nach mäin Liblingcharakter. Ech sinn net nëmmen Stolz drop, wat mir als Grupp vun Schauspiller zur der Filmrei bäigedroen hunn, mee och iwwer Kanner, déi um Wee zu jonken Erwuessenen ginn sinn.

Wat elo ze erwaarden ass, kënnt dir Iech am offiziellen Trailer hei ukucken: