„Spider-Man: No Way Home“: Néien Trailer gëtt weideren Schauspiller präis

Den Tom Holland wäert am „No Way Home“ verschidden bekannte Gesichter rëmgesinn.

Den néien Film „Spider-Man: No Way Home“ soll schonn den 16. Dezember 2021 hei an Lëtzebuerg am Kino lafen. Laang mussen Fans elo net méi waarden, bis den Tom Holland rëm deen berüümten Superheld gëtt.

Virun kuerzem weist den Hollywoodstar den néien offiziellen Trailer am Kino-Highlight bei engem Fan-Event an Sherman Oaks. Den Spider-Mann muss am Film vun engem zum aneren Universum sprangen, dobäi gesäit hien bekannten Gesichter erëm. Dës Figuren sinn zum Beispill, den Thomas Haden Church als Sandman an den Willem Dafoe als Green Goblin. Och den Jamie Foxx als Electro ass ze gesinn.

Den Spider-Man probéiert an „No Way Home“ verzweiwelt, d’Entdeckung senger Identitéit rëm réckgängeg ze maachen. „Du bass net den Peter Parker“, seet den Doc Ock verwonnert zu him. Hëllef dobäi, kritt hien vum Docter Strange.

Hei kanns du di den Trailer op YouTube ukucken: