YouTube hellt den „Dislike“-Zieler ewech

D’Benotzer vun der Plattform sinn guer net begeeschtert iwwer d’Ännerung.

D’Videoplattform YouTube huet decidéiert dass deb „Dislike“-Zieler fortkënnt. D’Zuel vun de Likes ënnert enger Foto kann schonn op Instagram verstoppt ginn. Dat gëllt ënner anerem fir eng Moossnam géint de sozialen Drock an Diskriminatioun. YouTube huet awer elo de „Dislike“-Zieler komplett geläscht.

Eng Testphase iwwer dës Saach huet am Januar 2021 ugefaangen. Elo ass eng definitiv Decisioun geholl. Och wann d’Benotzer nach ëmmer en „Dislike“ kënnen verginn, gëtt dës net méi ënnert dem Videoe ugewisen. Sou soll ënner anerem de Video-Uploader virun Belästegung geschützt ginn. Well DISLIKE-Attacke féieren dacks zu engem Shitstorm an de Kommentaren.

Am YouTube Studio kënnen d’Uploader nach ëmmer gesinn wéi vill negativ Reaktiounen si am Video kritt hunn. Am YouTube Studio kënnen d’Uploader nach ëmmer gesinn wéi vill negativ Reaktiounen si um Video kritt hunn. D’Reaktioun vun de Benotzer op d’Entscheedung vun YouTube ass éischter negativ. Deementspriechend gëtt YouTube beschëllegt, nëmme mat dëser Campagne, Annonceuren a Partner ze schützen. Zousätzlech waren e puer Benotzer der Meenung, datt d’Zuel vun den Dislikes bis elo gehollef huet, fir séier ze gesinn, ob e Clip wierklech nëtzlech wier oder net.

E puer Benotzer hunn sech elo zesummegeschloss a wëllen an Zukunft am Video, „Dislike“ an den Kommentar schreiwen. Dëst soll eng praktesch Alternativ zum Knäppchen ubidden.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.