60 km/h séier: BMW presentéiert E-Bike

Mam i Vision AMBY huet BMW op der IAA en E-Bike mat enger Héchstgeschwindegkeet vun 60 km/h virgestallt. Mir presentéieren dat gutt Stéck!

© BMW

D‘Internationale Automobil-Ausstellung (IAA) ass déi perfekt Geleeënheet fir Hiersteller hir lescht Innovatiounen dem Public ze presentéieren. BMW huet d’Geleeënheet genotzt fir den i Vision AMBY E-Bike ze presentéieren. D’Bike soll eng Héchstgeschwindegkeet vu 60 km/h erreechen an domat erof vum Vëloswee op d’Strooss kommen.

75 Kilometer packt d’E-Bike mat dëser Geschwindegkeet angeeblech mat enger Ladung, déi ongeféier 3 Stonnen an Usproch hellt. Mee et ginn zwou weider Geschwindegkeetsniveauen (45 a 25 km/h), déi nach méi Reechwäit ubidden (180 an 300 Kilometer).

D’i Vision AMBY huet e festen Frame a breet, stabil Rieder. Optional soll e mat weideren technesche Funktiounen wéi ABS, Fern- a Bremslichtassistent souwéi „Tagfahrlicht “ ausgestatt kënne ginn.

© BMW

„I“Inside Digital“ mellt, datt fir Sécherheet, e Kontrollsystem fir Pneuen wéi bei de Motorrieder genotzt gëtt an en Distanzradar mat enger Reechwäit vu bis zu 140 Meter a Asetz kënnt.

Allerdéngs wäert den i Vision AMBY wuel net sou séier op d’Strooss kommen, well verschidde Stroosseverkéiersreglementer fir déi verschidde Geschwindegkeetsniveauen gëllen. Dat géing eng nei technesch Infrastruktur erfuerderen, déi zum Beispill iwwer Geofencing dofir suergt, datt déi jeeweileg Modi nëmme kënne genotzt ginn, wou se erlaabt sinn.

HHei een klengen Video zum E-Bike

© BMW