„Kevin – Allein zu Haus“: 10 Fakten zum Chrëschtklassiker

Kevin – Allein zu Haus“ gehéiert och hei am Land zu den beléiftsten Chrëschtklassiker. Mer verroden iech 10 Fakten zum Film, déi dir villäicht nach net kannt hutt.

  1. Joe Pesci an den Daniel Stern, déi déi „naass Banditten“ Harry a Marv spillen, hunn net un den Erfolleg vum Film gegleeft an hunn decidéiert hir Personnagen staark ze iwwerzeechnen. Am Réckbléck war et eng richteg Entscheedung, déi e groussen Deel vum Humor am Film ausmécht.
  2. De Macaulay Culkin ass nach ëmmer a Kontakt mat senger Filmmamm Catherine O’Hara. D’Schauspillerin huet an engem Interview am Joer 2014 zouginn datt de Culkin si ëmmer nach „Mamm“ rifft.
  3. De Film huet et an d‘Guinness Buch vun den Rekorder gepackt, als „déi kommerziell erfollegräichste Film – Comedy“ mat engem Bruttoakommes vun $ 476 Millioune weltwäit.
  4. Dem Kevin säi jéngere Brudder Fuller gëtt vum Macaulay Culkin sengem Brudder Kieran gespillt. Béid sinn och nees an der Fortsetzung „Kevin – Allein in New York“ ze gesinn. De Kieran ass bis haut als Schauspiller aktiv, hat eng Roll am „Scott Pilgrim Against the World“ an ass an der HBO Serie „Succession“ ze gesinn.
  5. De Gangsterfilm „Angels With Filthy Souls„, déi sech de Kevin ukuckt an bentozt fir  dem  Pizzaliwwerant an Doudesangscht ze versetzen, existéiert net. Déi Zeen gouf speziell fir den „Kevin –
  6. Allein zu Haus“ gedréint.
  7. De Macaulay Culkin, den bei den Dréiaarbeschten zéng Joer al war, hat een Stunt Double: een kleng gewuessenen, 30 Joer ale Mann.
  8. D Haus au dem Film steet op 671 Lincoln Avenue zu Winnetka, Illinois. Am Joer 2012 ass et fir 1.585 Milliounen Dollar verkaaft ginn.
  9. De Robert DeNiro huet d’Roll vum Crook Harry refuséiert an domat de Wee fir de Joe Pesci fräiginn.
  10. D’Hillary Wolf, déi dem Kevin seng eeler Schwëster spillt, huet hir Schauspillerkarriär no de „Kevin“ Filmer ofgeschloss. 1996 an 2000 war si dann als Kämpferin am US-Judo-Team bei den Olympesche Spiller.
  11. De grujelegen Noper deen dem Kevin d’Wichtegkeet vun der Famill léiert war net am Skript abegraff. Et gouf op de Virschlag vum Columbus bäigefüügt, deen der Meenung war, datt de Film méi Sentimentalitéit bräicht.