Sony enttäuscht PS5 Fans erëm

Opgrond vun der Chipkirs fiert den Konzern Produktioun erof.

Déi nei PlayStation 5 gouf viru bal engem Joer op den Marché bruecht. D’Nofro bleift héich a Millioune Fans waarden nach ëmmer op hir Konsol. Et gouf viru kuerzem opgedeckt datt Sony e puer Exemplare mat JumboJets an Europa géif bréngen. Elo enttäuscht den Konzern nees hir Keefer an Keeferinnen, déi weider hin op hir Konsol waarden mussen.

De Grond fir d’Verspéidungen ass déi aktuell Chipkris. Dëst verursaacht Materialmangel a massive Liwwerproblemer. Dem Noriichteportal „oe24“ no soll de Mangel an den nächste Woche nach méi klammen. Sony misst d’Produktioun vun der PS5 elo och nach zréckfueren. Ursprénglech sollten dëst Joer ronn 16 Millioune Konsolen produzéiert ginn. Wéinst der lafender Chipkris war dëst op 14,8 Millioune Exemplare limitéiert.

Geometric figures icon set simple design

D’Situatioun soll  sech ab Abrëll 2022 entspanen

Mee et gëtt nach ëmmer Hoffnung. Well am nächste Joer soll d’Situatioun sech berouegen a verbesseren. Tëscht Abrëll 2022 a Mäerz 2023 sollen nees méi  PS5 produzéiert ginn. Insgesamt 22,6 Milliounen Exemplaren si fir dës Period geplangt. Trotzdeem wäerten ëmmer nach puer Fans enttäuscht si wann d’PlayStation 5 dëst Joer nach ëmmer net ënnert dem Chrëschtbeemche läit. Gedold vun de Fans gëtt elo scho säit Méint op Prouf gestallt.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.