No Sex am Amazon Liwwerwon: Elo schwätzt de Chauffeur

De fréieren Amazon Chauffer schwätzt elo fir d’éischte Kéier iwwer den Virfall.

Nodeems e Video op de soziale Medien viral gaangen ass an den Amazon Chauffer seng Aarbecht verluer huet, huet hien elo kommentéiert wat geschitt ass. De Video, dee heemlech gefilmt gouf, gouf him zum Verhängnes. 

Amazon-Chauffer aus Florida gëtt wéinst engem Tik-Tok Video entlooss

Wéi d’Portal „TMZ“ bericht, ass e Video iwwer en Amazon Mataarbechter viral gaangen. De Video, dee just 15 Sekonnen laang ass, krut bannent e puer Deeg e puer Millioune Views. Den TikTok Notzer deen de Video eropgelueden huet, sot, datt et a Florida gefilmt gouf. Et weist eng blond jonk Fra an engem Mini-Kleed aus engem Amazon Liwwerwon sprangen.

Dir kënnt de Video hei kucken:

Wat war genee an der Camionnette lass? De fréiere Amazon Chauffer huet der TMZ gesot datt hie wousst wann de Video aschléit, dat hien seng Aarbecht verléieren wäert. Iwwer d’Fra am kuerze Clip sot hien, datt si eng „gudd Bekannten“ wier an datt hien gemaach hätt wat all „amerikanesche Mann gemaach hätt“. Wat hie genee domadder mengt, soll eigentlech kloer sinn.