Nei Detailer iwwer den iPhone SE 2022 rauskomm

Deen néie Smartphone vun Apple soll schonn am Fréijoer rauskommen

Am kommenden Joer soll den neien iPhone SE 2022 rauskommen, déi éischt Gerüchter besoen dass en tëscht Mäerz an Abrëll virgestallt soll ginn. Deen neien Smartphone soll mat engem verännerten Design sou wei och mat neien Funktiounen iwwerzeegen

Laut „GQ“ soll den iPhone 2022 en änlechen Design wei den iPhone XR kréien. D’chineesesch Websäit „myDrivers“ erkläert , dass Apple den Smartphone engem kompletten Make-over ënnerzéien well. Sou dass zum Beispill den Ecran manner Rand opweist.

Das iPhone SE  soll einen Nachfolger bekommen.

Den Face-ID soll leider net an den iPhone SE anzéien, en soll awer den Touch-ID Senor kréien. Des weideren soll en mat 5G ausgestatt ginn. Wéi „MyDrivers“ mengt, soll den A15-Chip an Asaz kommen, den Chip war och schonn am iPhone 13 am Asaz. D’Spuerkapazitéit fänkt bei 64 GB un. Den iPhone soll em déi 579€ kaschten.

Domat wier den néien iPhone SE knapp 100€ méi deier ass säin Virgänger. Dat géif opgrond vun den verbesserten Feature och Sënn erginn. Weider Leaker verroden, dass am Joer 2024 eng Plus-Versioun vum iPhone SE op den Maart soll kommen.