Super Nintendo World an Osaka

An Osaka (Japan) gouf Ufank dës Joers d’Super Nintendo World opgemaach. Wéinst der Corona Pandemie gouf den Park 1 Joer méi spéit opgemaach wei geplangt. Och wann et opgrond vun der Corona Pandemie nach net sou einfach ass fir an Japan ze fléien, ginn et awer vill Grënn Rees scho virzebereeden.

Den oppenen Themenpark ass momentan nach iwwerschaubar laut den éischten Berichter vun Zuschauer.  Als éischt gouf een Areal op, da ganz am Zeechen vum Super Mario Bros. steet. Ze gesinn sinn vill Elementer aus der Welt vum Mario an Luigi – och treffen mam Peach an mam Bowser sinn virprogramméiert. Zentral Attraktiounen sinn den Peach Castle an den Bowser Castle.  Am Bowser Castle start eng interaktiv Challenger fir Besicher. Hei fannt dir och déi Augmented Reality ënnerstëtzt a vun villen Fans gewollten Mario Kart Bunn. Wie wollt Mario Kart nach net eng kéier live erliewen?

En anert interaktiivt Element vum Themepark ass een Tour um Yoshi, erkläert Universal Studios Japan, bei dem et gëllt, dräi faarweg Eeër ze fannen. Ausserdeem sollt dir virtuell Mënzen um Terrain sammelen an natierlech thematesch passend Restauranten a Geschäfter besichen kënnen.

Obwuel den Ëmfang vun der Ouverture nach zimmlech limitéiert war, sollt dat séier änneren. Et gëtt schonn an der direkter Ëmgéigend gebaut, laut Rumeuren, am Gebitt ronderëm den Donkey Kong.

Hei am Video fann dir een Tour duerch den Themenpark mam Mario-Erfinder Shigeru Miyamoto: