Chrëschtdag 2021: Amazon féiert nei Retourdelaien an
Fir Chrëschtgeschäft setzt Amazon op nei Retourdelai.

Bei Amazon sinn fir d’Chrëschtgeschäft nei Retourdelaien agefouert ginn. Normalerweis hat Dir 30 Deeg Zäit fir e Produit zréckzeginn, wann Iech den Produit net gefall huet. A knapp sechs Wochen ass Chrëschtdag an dank der Corona Kris, boomt d’Online-Geschäft nach méi wéi jee virdrun.
D’Ännerunge bedeiten datt all Produkter, déi tëscht dem 1. November an dem 31. Dezember bestallt ginn, bis den 31. Januar 2022 zréckgeschéckt kënnen ginn. Dëst ass net nëmme méiglech fir Wueren déi vun Amazon selwer kommen, mee och Produkter, déi vun Händler op Amazon verkaaft ginn, sinn vun der Ännerung betraff.

Fir Bestellungen, déi den 1. Januar 2022 oder nom 1. Januar 2022 gemaach goufen, gëllt dann déi al Deadline erëm. D’Chipkris an d’global Liwwerschwieregkeet verursaachen nach ëmmer Schwieregkeeten. Déi verlängert Retourzäit bitt de Virdeel, Kaddoen esou fréi wéi méiglech ze bestellen, sou dass den Beschenkten no Chrëschtdag nach Méiglechkeet huet, den Kaddo zréckzeschécken.
Opgepasst et ginn awer Fäll wou den Retour net méiglech ass. Dat sinn Produkter déi op Grond vun Hygiène Reglementer vum Retour ausgeschloss sinn. Dëst sinn zum Beispill Make-up oder bestëmmte Kleeder. DVDen an elektronesch Geräter kënnen zréckginn ginn, wann se net opgemaach goufen.