„Stranger Things“: Netflix verëffentlecht den Starttermin vun der 4 Staffel

Am néien Trailer gouf och den Titel vun der kommender Episode verëffentlecht.

©Netflix

D’Staffel gëtt am Summer 2022 verëffentlecht, domat geet déi erfollegräich Serie an déi nächst Ronn. E gutt hallef Joer mussen sech Fans dann nach gedëllegen. Sou lang hält Netflix Zuschauer*innen mat Trailer an Teaser bei der gudder Laun. Et gouf och verroden, dass et néng Episoden vun der Season ginn. Titelen vun der Season gouf och scho bekannt ginn. Et versprécht een sech vill mysteriéis Ereegnesser.

Hei Oplëschtungen vun den Episoden vun der Season 4

  • The Hellfire Club
  • Vecna’s Curse
  • The Monster and the Superhero
  • Dear Billy
  • The Tina Project
  • The Dive
  • The Massacre at Hawkins Lab
  • Papa
  • The Piggyback
©Netflix

Den neisten Trailer wéist, dass Handlung am Fréijoer 1986 spillt. Déi véiert Staffel setzt also ronn 1/2 joer virum Enn vun der drëtter Staffel un. Mëttlerweil feiert Eleven een relative normaalt Liewen an befënnt sech an enger Fernbezéihung mam Mike. Den Trailer dréit den Titel „Welcome to California“ a fänkt mat enger Noriicht un, déi d’Eleven an hiren Frënd schreift.

Hei ass den Trailer: